Konferenz zum Thema "Alldag mat Demenz"

Mir lueden Iech häerzlech op eng Konferenz zum Thema "Alldag mat Demenz" an.

Des fënnt den 27. Mäerz 2024 um 18:30 Auer am Spidol Eechternoach statt.

Mir freeën eis op en informativen Owend.

 

Di besonnesch Atmosphär an deen oppene Geescht vun eisem Haus offréiert de Bewunner, deenen déi hei op Besuch kommen an deenen déi hei schaffen e familiär-frëndlech Heem fir ze wunnen, ze liewen an ze schaffen.

Fir knapps 60 Leit ass d’ Spidol Iechternach hiert Doheem fir ee néien Abschnitt vun hirem Liewen. Hei huet jiddereen d’ Méiglechkeet fir säi Liewen esou ze gestalten wéi et him passt. Eis Mataarbechter, vun der Verwaltung, eis Infirmieren an Infirmièren, eis Thérapeuten, eis Equipen vun der Kichen an der Botz, bidden de Bewonner deen néidegen Service un fir op d’ Wënsch an d' Besoin’ en vun dem Eenzelnen anzegoen.

Wëllt Dir eis kenne léiren? Da kommt ganz einfach Mëttwoch nomëttes an eis Kaffisstuff, oder maacht e Rendezvous of fir datt mir Iech eist Haus perséinlech virstellen.

Mir freen eis op Iech!